Eis Ëffnungszäiten*
Schéissstand (wärend der Summerzäit):
Mëttwoch: 15h00-19h00
Freideg: 15h00-19h00
Samschdeg: 10h00-12h00 an 15h00-19h00
Sonndeg: 10h00-12h00
Schéissstand (wärend der Wanterzäit):
Mëttwoch: 15h00-18h00
Freideg: 15h00-18h00
Samschdeg: 10h00-12h00 an 15h00-18h00
Sonndeg: 10h00-12h00
Clubhouse (wärend der Summerzäit):
Mëttwoch: 16h00-19h00
Freideg: 16h00-19h00
Samschdeg: 16h00-19h00
Sonndeg: 10h00-12h00
Clubhouse (wärend der Wanterzäit):
Mëttwoch: 16h00-18h00
Freideg: 16h00-18h00
Samschdeg: 16h00-18h00
Sonndeg: 10h00-12h00
Administratioun:
Mëttwoch: Op Rendez-Vous
Freideg: Op Rendez-Vous
Samschdeg: Op Rendez-Vous
Sonndeg: Op Rendez-Vous
Eis Anlag
10m Indoor-Schéissstand mat 15 Linnen fir Loftdrockwaffe mat engem Maximum vu 7,5 Joule am Kaliber .177
25m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen, prioritär fir de Kaliber .22lr.
25m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen fir Grousskaliber-Waffen
50m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen a motoriséierte Scheiwen
100m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen a motoriséierte Scheiwen
Modern Reuniouns-Säll.
Historique
1953 gouf d'”Société de tir aux armes sportives de chasse de la ville de Luxembourg” gegrënnt. Déi éischt Competitiounen hunn an den Disziplinne Fosse a Skeet um Cents stattfonnt. Am selwechte Joer gouf d’Feld um Sennengerbierg scho gelount an duerno duerno vun der “Société Tir de Luxembourg-Cents”, dem neien Numm vum Schéissclub, opkaaft ginn. Am Joer 1953 huet de “Schéissstand” 2 Schéisslinnen op 100m an e lafende Käiler op 60 Meter ëmfaasst, all dat ënner oppenen Himmel.
An de fréien 1960er Joren ass d’Pistouleschéissen an 1965 d’Klengkalibergewier bäi d’Gewierschéissen derbäi ginn. Zënterhier ass de Schéissstand um Sennengerbierg vun eise Membere weider ausgebaut ginn.
Den 1. Mee 2006, no der Klo vun den Noperen a wéinst der lueser Erneierungs-Prozedur vun de Commode-Incommodo-Autorisatiounen, huet de Schéissebetrieb fir kuerz Zäit missen ophalen. Duerno huet eng temporär Autorisatioun schwéier Restriktioune fir d’benotzbar Kaliberen opgestallt: um Weekend war maximal .22LR erlaabt wärend e Mëttwoch a Freideg nëmmen den .38spl, 9mm, 45 ACP, .22LR a Loftkaliberen op 5 Feierlinnen erlaabt.
An der Tëschenzäit huet d’Sich no enger neier Lokatioun a Verbindung mat den Ufroe fir Baugeneemegungen a Commodo-Incommodo dozou gefouert, dass Enn Februar 2011 d’Bauaarbechte um neie Schéissstand um Bloëbierg ugefaangen hunn.
3 Joer méi spéit, an der zweeter Woch vum Mee 2014, huet Sportschéisse mat Waffe vum Kaliber .22lr um neie Stand ugefaangen. D’Joer drop, de 17. Juni 2015, war de Schéissstand komplett operationell, inklusiv de grousse Kaliberen. Schlussendlech ass déi offiziell Ouverture den 13. November 2015 a Presenz vum Sportminister ofgehale ginn.
De Comité
Robert Hoffmann
Joël Krier
Robert Biwer
Constant Wagner
Jean Ries
Robert Thill
Eise Comité wéi och d’Schaffekippen an d’Commissairen bestinn zu 100% aus Benevoller, déi hir Fräizäit fir de Club asetzen. Dat erlaabt et eis, de Membersbeitrag trotz moderner Anlagen op engem abordabelen Niveau ze halen.